
Selbsthypnose

SELBSTHYPNOSE-KURS
Samsdes, 10.11.2018 10.00h – 17.00h
am CENTRE ÉCOLOGIQUE PARC HOSINGEN
Centre Parc Housen 12, Parc
L-9836 Housen
Du wëlls a kuerzer Zäit komplett entspanen an ofschalte kënnen?
Stress, Nervositéit, Verspanungen a villes méi einfach ophiewen an selbstbewosst deng Zieler ëmsetzen?
Dann ass et un der Zäit, dass du Selbsthypnose fir dech entdecks!
D’Liewe bréngt andauernd Iwwerraschungen. Mat der Selbsthypnose hues du eppes an der Hand wa s du ëmmer a séier kanns asetzen.
Hei e puer Beispiller wou Selbsthypnose dech ënnerstëtze kann:
-Selbstvertrauen, Selbstbewosstsinn, Selbstwäertgefill
-Entspanen, zur Rou kommen
-Stress bewältegen
-Motivatioun, Energie gewannen
-Konzentratioun fërderen, besser léieren
-Entspaant u Prüfungen, Tester, Versammlungen deelhuelen
-Bei Viirtreg entspaannt bleiwen
a villes méi!
E liewege Workshop mat vill Praxis an enger klenger Grupp!
Limitéiert Platzen!
Du entwéckels an dësem Workshop e prakteschen Zougang
zu der Selbsthypnose.
Fir de Präis vun 195.-€ kriss du:
– Grondwëssen vun der Hypnose an Selbsthypnose
– eng Entspanungshypnose
– Léieren vun der effizienter Selbsthypnose-Technik a Praxis
– CD, Dokumentatioun
– Mëttegiessen am Centre Écologique, Gedrénks a Kaffispaus inclus
Ech bieden dech bequem Kleeder unzedoen an eng Matt, ee Këssen an eng Decken mat ze bréngen. Merci 😊