
Selbsthypnose-Cours
Samsdes 10.10.2020 vun 09.30-17.30 Auer
Am Centre Médical Nordstrooss (Salle de conférence 2e ét.)
1 Marbuergerstrooss
L-9764 Marnach
Du wëlls a kuerzer Zäit komplett entspanen an ofschalte kënnen?
Stress, Nervositéit, Verspanungen a villes méi einfach ophiewen
an selbstbewosst deng Zieler ëmsetzen?
Dann ass et un der Zäit, dass du Selbsthypnose fir dech entdecks!
D’Liewe bréngt andauernd Iwwerraschungen.
Mat der Selbsthypnose hues du eppes an der Hand wa s du ëmmer a séier kanns asetzen.
Hei e puer Beispiller wou Selbsthypnose dech ënnerstëtze kann:
-Selbstvertrauen, Selbstbewosstsinn, Selbstwäertgefill
-Entspanen, zur Rou kommen
-Stress bewältegen
-Motivatioun, Energie gewannen
-Konzentratioun fërderen, besser léieren
-Entspaant u Prüfungen, Tester, Versammlungen deelhuelen
-Bei Viirtreg entspaannt bleiwen ……..a villes méi!
E liewege Workshop mat vill Praxis an enger klenger Grupp!
Limitéiert Platzen!
Du entwéckels an dësem Workshop e prakteschen Zougang
zu der Selbsthypnose.
Fir de Präis vun 235.-€ kriss du:
– Grondwëssen vun der Hypnose an Selbsthypnose
– eng Entspanungshypnose
– Léieren vun der effizienter Selbsthypnose-Technik a Praxis
– Dokumentatioun an Ënnerstëtzung fir d‘Selbsthypnose
– Mëttegiessen, Soft-Gedrénks a Kaffispaus inclus
Ech bieden dech bequem Kleeder unzedoen
an eng Matt, ee Këssen an eng Decken mat ze bréngen. Merci 😊
Umelden kanns du dech bis spéitestens den 25.09.2020 per E-Mail
info@cabinet-krausch.lu oder iwer Telefon +352 621 217446.
Cabinet Neie Wee – Karin Krausch