Hier finden Sie alle aktuellen Angebote von Kursen, Workshops und Vorträgen.
(-> Einfach auf den gewünschten Kursus/Workshop/Vortrag klicken um weitere Infos zu bekommen.)

21.02.2023 18.30h Entspanung mat alle Sënner

Cours : Entspanung mat alle Sënner
Wou? Am Centre Médical Nordstrooss 1, Marbuergerstrooss (Salle de conférence 2e étage) L-9764 Marnach

Wéini? Dënsden 21.02.2023 ëm 18.30h bis ca. 20.00h

Gënn Dir an dësem klenge Cours eng kuerz Auszäit nëmme fir dech!
Tauch an mat all denge Sënner an eng kuerz entspanend Zäit,
wärend där s du dech op dech selwer konzentréiers,
Übunge kenne léiers an etlech Info e kriss.
Léier deng 5 Sënner ze notzen fir achtsam zur Rou ze kommen
an tank dobäi wärend enger ganz kuerzer Meditatioun op.
Geneemeg dir Zäit fir dech, bréng däi Geescht, Séil a Kierper zur Rou
an huel etlech Entspanungstips mat heem.

Investitioun an dech selwer: 29,00 €

De Cours fënnt op lëtzebuergesch statt.
Ech bieden dech, dech bequeem unzedoen,
eventuell e Këssen an eng Decken matzebréngen wann s du dir et gär um Stull richteg bequeem méchs
a fir eppes fir ze drénken ze suergen.

Umelle kanns du dech bis den 13.02.23 per E-Mail (info@cabinet-krausch.lu)
mat dengen Donnéeën (Numm, Virnumm, Adress, Telefonsnummer an E-Mail).
Duerno kriss du eng Bestätegung per E-Mail mat am Unhang enger Rechnung.
Platze si limitéiert!
De Cours fënnt statt ab 5 Participanten.

Ech freeë mech op dech 🙂

Karin Krausch
Cabinet Neie Wee
www.cabinet-krausch.lu

Kontakt

www.cabinet-krausch.lu verwendet Cookies, um Ihnen den bestmöglichen Service zu gewährleisten. Datenschutzerklärung