
“NEE” soen – ouni Scholdgefiller

Wéi oft seess du spontan “Jo”, wann een dech fir eppes freet? Oft?
A wéi oft iergers du dech duerno doriwwer? 

Wéi oft geess du mat engem ‘Jo” e Kompromiss an, aus Angscht, ofgelehnt ze ginn
oder well déi aner Persoun dech soss net méi gäeren huet?
oder well déi aner Persoun dech soss net méi gäeren huet?

E ‘Jo’ zu deem wat e net gäeren huet,
ass e ‘Nee’ zu sech selwer

Wa mir ‘Jo’ soen, a ‘Nee’ mengen,
soe mir ‘Nee’ zu eisen eegene Wönsch a Bedürfnisser.

Mee wat mëcht dat ‘Nee-soen’ sou schwéier

Firwat hu mir Scholdgefiller, wa mir ‘Nee’ soen

Oft sinn et Ängschten a Glawenssätz déi sech am Laaf vun eisem Liewen
lues a lues an eis ofgespeichert hunn.
lues a lues an eis ofgespeichert hunn.
Eng grouss Hürd ass och dat Gefill sech verpflicht ze fillen.
Mir mengen oft, mir wiren enger Persoun eppes schëlleg.
Mir mengen oft, mir wiren enger Persoun eppes schëlleg.

Dobäi ass et net egoistesch, wa mir mol ‘Nee’ soen a fir eis selwer astinn!

Du däerfs deng Grenze setzen

‘Nee’ soen bedeit och Verantwortung fir sech selwer ze iwerhuelen
Wann s du elo motivéiert bass,
daat ‘Nee – soen’ ze üben,
da mach dir elo mol eng Lëscht mat Saachen, ob déi s du keng Loscht méi hues.
daat ‘Nee – soen’ ze üben,
da mach dir elo mol eng Lëscht mat Saachen, ob déi s du keng Loscht méi hues.

Saache, wéi ‘Nee’ zu falscher Verantwortung, zu Verpflichtungen,
zu klenge Wönsch, zu klengen Aufgaben….
zu klenge Wönsch, zu klengen Aufgaben….
Fro dech bei allem:
Wéi géif ech reagéieren, wann ech keng Scholdgefiller hätt, wann ech komplett fräi wir

D Fäegkeet ‘Neen’ ze soen, ass den éischte Schratt an deng Fräiheet

Du hues de Courage ‘Neen’ ze soen
Wann s du awer nach zécks, dir seess:
‘ech wëll ‘nee’ soen, hunn awer nach Angscht…’
da kuck dir déi folgend 5 Tips vu mir un fir déi Angscht ze iwerwannen

Well ‘ Nee – soen’ ,
eege Bedürfnisser respektéieren,Grenzen setzen
a fir sech selwer an ze stoen kann e léieren!
eege Bedürfnisser respektéieren,Grenzen setzen
a fir sech selwer an ze stoen kann e léieren!


Fro dech als éischt, firwat et dir esou schwéier fällt ‘Nee’ ze soen
Wat mecht dir Angscht

Wat mecht dir Angscht

Hues du Angscht zréckgewisen ze ginn?
Hues du Angscht virun engem Konflikt?
Hues du Angscht eng Diir géif sech soss do zou machen?
Hues du Angscht dengen eegenen Erwardungen net méi ze entspriechen?
Hues du Angscht, dass déi aner dech als ‘egoistesch’ ofstempelen?
Mach dir mol Gedanken dozou.

Schreif dir et eventuell och op! 

A fro dech ob déi Angscht berechtegt ass….

Stell dir elo a Gedanken eng Situatioun vir,
virun däer s du Angscht hues ‘Nee’ ze soen.
Looss déi Situatioun zou, bis zum ‘ Worst-Case’,
dass du zB dës Persoun verléiere kënns.
Looss déi Situatioun zou, bis zum ‘ Worst-Case’,
dass du zB dës Persoun verléiere kënns.

Viru waat dass du och ëmmer Angscht hues,
erlief dës Situatioun a spir, dass eppes déif an dir dran méi grouss ass,
déi all déi Angscht.
erlief dës Situatioun a spir, dass eppes déif an dir dran méi grouss ass,
déi all déi Angscht.

Wéi kanns du sécher sinn, dass daat och antrëtt?
Wéi oft hues du dech schon onnéideg verréckt gemach?
Wéi oft hues du dech schon onnéideg verréckt gemach?

Déi meschte Leit hu vill manner Problemer mat dengem ‘Nee’ wéi s du mengs

Virun allem ass däi ‘Nee’ e ganz klenge Problem –
am Verglach zu deem Problem, dech selwer opzeginn an dengt Liewe net ze liewen
am Verglach zu deem Problem, dech selwer opzeginn an dengt Liewe net ze liewen


Mach dir de Wert vun dengem Liewe richteg bewosst!
Däi Liewen ass däi Geschenk!
Lief DÄI Liewen!
Du an deng Bedürfnisser sinn net manner wert wéi déi vun enger anerer Persoun!

Fro dech, wat dir wirklech wichteg ass

Wat sinn deng Bedürfnisser, deng Wönsch, deng Zieler

Wéi wëlls du liewen

Wéi soll däi Liewen ausgesinn

Je méi genau dass du weess, wa s du wëlls,
umsou méi liicht ass et, ‘Jo’ zu dir selwer
a ‘Nee’ zu de Wönsch vun aneren ze soen
umsou méi liicht ass et, ‘Jo’ zu dir selwer
a ‘Nee’ zu de Wönsch vun aneren ze soen

Mach dir bewosst:
Et ass däi Liewen

Zäit ass wertvoll! 

Du wëlls se net verschwenden!
Du wëlls dech als wertvoll Persoun schätzen!




Am wichtegsten ass, ‘Nee – soen’ ze üben

Fro dech ëmmer:
wéi géif ech handelen, wann ech mech net verpflicht géif fillen,
wann ech komplett fräi wir
wéi géif ech handelen, wann ech mech net verpflicht géif fillen,
wann ech komplett fräi wir

An da so dir, onofhängeg vu Scholdgefiller: ‘NEE’ 





‘Übung macht den Meister!’
Mat der Zäit fällt et dir ëmmer méi liicht ‘Nee’ ze soen

Mach dir bewosst, dass du e Recht hues op deng egen Interessen

Du bass fräi, ‘Jo’ a ‘Nee’ ze soen

Daat war et momentan an dëser Série

Wann s du nach Froen hues,
weider Ënnerstëtzung brauchs, da mellt dech einfach:
weider Ënnerstëtzung brauchs, da mellt dech einfach:
info@cabinet-krausch.lu
Wann dech nach Theme beschäftegen, wou s du Ënnerstëtzung brauchs,
duerchstöber mol meng Internetsäit
oder mach online e Rdv bei mir am Cabinet:
duerchstöber mol meng Internetsäit
oder mach online e Rdv bei mir am Cabinet:
Bis geschwënn!

Karin Krausch
Cabinet Neie Wee