Depressiounswollek
Fir déi Persoun déi ënner enger däischterer Depressiounswollek steet,
ass d’Liewen an den Alldag extrem schwéier ze bewältegen.
Ech weess vu wat ech schwätzen, ech war selwer laang genuch an engem däischteren Tunnel gefaangen
an hunn erfollegräich gekämpft fir erëm an d’Liicht ze kommen a mäi Liewen erëm liewenswäert ze maachen.
Et war e laange Wee. An dee Wee muss ee leider selwer goen.
Mee net eleng, och ech hu mir deemools professionell Ënnerstëtzung gesicht.
Mee och fir d’Ëmfeld ass déi Situatioun net einfach.
Wann de Partner/in, e Frënd/in, e Kolleeg/in an enger depressiver Phase stécht, geet et engem selwer och net gutt.
Et wëll een déijeneg Persoun ënnerstëtzen, hir hëllefen.
Dat erweist sech allerdéngs meeschtens net als einfach.
Sätz wéi ‘Rapp dech um Rimm, dat geet bestëmmt erëm geschwënn besser’,
‘Du hues et dach gutt, du hues dach alles, wat wëlls du dann?’,
‘Géi mol e bësschen ënner Leit.’,
‘Geet et dir schon ërem schlecht?’, a villes méi, si mir och aus där Zäit bekannt.
An esou Reaktiounen maachen et och net einfach mat enger Depressioun oppen ëmzegoen
an Hëllef ze froen a gutt Ënnerstëtzung ze akzeptéieren.
Mee zum Gléck ginn et awer och Leit am direkten Ëmfeld, déi op eng aner Manéier, op eng gutt Aart a Weis, wëllen hëllefen.
Allerdéngs kënnt och dat bei enger depressiver Persoun net onbedéngt esou un wéi gewollt.
Dofir hei e puer initial Tipps wann s du an dengem Ëmfeld eng Persoun an enger Depressiounswollek hues,
däers du Ënnerstëtzung wëlls ginn:
– Iwwerlee bewosst wéi s du mat dengem depressive Géintiwwer ëmgeess.
Setz déi Persoun ni ënner Drock! Deem Drock kënne Verschiddener net Stand halen an zéien sech dann nach méi zréck.
– Maach keng Virwërf. Denk drun: och du méchs mol Feeler. Keen ass ‘unfehlbar’.
– Fro däi Géintiwwer ob s du en an den Aarm däerfs huelen. Net jidderee wëll dat an all Situatioun.
Wann et däi Partner/in, Frënd/in ass, an déi Persoun wëll dat, huel se an den Arm a so hir
‘Et deet gudd mat dir zesummen ze sinn, an duerch déi däischter Deeg gi mir och zesummen’
– Wann s du mierks, dass deem aneren säin Akku eidel ass, so him:
‘Komm, mir rouen elo mol zesummen e bësschen a lueden eis Batterien op.
Oder wëlls du léiwer eng kuerz Zäit eleng sinn?’
‘Looss eis mol haut/elo zesumme Näischt maachen.’
– ‘Kann ech dech haut bei eppes ënnerstëtzen?’ (kachen, botzen,…).
Mee net insistéieren, dat mécht erëm Drock.
– Sollt déi Persoun mëttes mol schlofe wëllen, looss se! Da brauch si et grad.
– Wann déi Persoun kräischt, huel se einfach an der Aarm (wa si dat wëll) a so näischt.
Dat Ëmäermelen ass genuch.
– Heianasdo wëll een einfach net schwätzen. Akzeptéier och dat a waart einfach bis deejéinegen d’Gespréich sicht,
lauschter dann opmierksam no a versich dee Mënsch ze verstoen.
Dat sinn elo nëmmen e puer kleng Tipps, eng kleng Auswiel, an och dir kommen eventuell elo nach e puer Iddien.
Op dës Aart a Weis kënnt dir zesummen dëse schwéiere Wee goen, an du wäers mierken,
wéi frou däi Géintiwwer doriwwer ass. Anstatt ze fuerderen, einfach mol ginn.
Akzeptanz, Respekt, Vertrauen vu béide Säiten.
Well et ass fir déi zwou Säiten eng dagdeeglech Erausfuerderung. Mee déi kann een zesumme bewältegen!
Wann s du oder déi Persoun ënnert der Depressiounswollek neutral Ënnerstëtzung brauch,
sinn ech natierlech gär bereet fir op deem donkele Wee ze begleeden
an zesumme no individuellen Méiglechkeeten ze sichen fir erem lues a lues méi liicht, fräi a frou an een hellen Alldag ze goen.